Performance Coach Luxembourg
Home
About
Offer
Your Coach
Contact

PERFORMANCE COACH LUXEMBOURG

Virwat Performance? Ganz einfach: Mir liewen an enger Leeschtungsgesellschaft an där all Dag alles vun eis ofverlaangt gëtt! Fir deem Drock an Stress standhaalen ze kënnen an zousätzlech Energie ze hunn fir seng Famill, Frënn, Fräizäitaktivitéiten etc. gëllt et eng "high-performance DNA" ze hunn! Dat bedeit: Kraaft an Ermiddungsresistenz, péngfräi Beweegung, positiv Astellung... nëmmen wa mir eise Kierper physesch reegelméisseg aus dem Gläichgewiicht bréngen an eis ufänke bewosst ze ernähren, fänke mir un eis an eisem Kierper wuelzefillen an gewannen u Selbstvertrauen an nach méi Liewensfreed! Dëst ass och mäi perséinlecht Zil an ech well jiddereen inspiréieren seng eegen high-performer DNA ze formen an duerch eng bewosst Liewensstilännerung zu méi Gesondheet, Kraaft an Vitalitéit ze verhëllefen!

 

Mäi Performance Konzept riicht sech also primär un déijéineg, déi laangfristeg wëllen performant an erfollegräich sinn a bleiwen, Leit déi vun Null un duerchstarten wëllen an endlech eppes an hirem Alldag änneren wëllen, wéi och Leit déi schonn um Performance Wee sinn, hiert athletescht Potenzial ganz ausnotzen an hire Maximum erreeche wëllen! Ech roden jidderengem dozou fir op mannst während 12 Wochen meng Performance Angeboter ze notzen, fir duerch positiv Resultater Inspiratioun ze fannen an weiderhin, entweder mat Betreiung oder selbstänneg  seng Ziler ze verfollegen...

​

​

​

​

​

 

Move better - Dat een sech iwwerhaapt beweegt ass scho mol eng Saach, dat een léiert sech richteg ze beweegen ass een zweete wichtege Punkt. Dobäi kennt et oft op Nuancen an Detailer un. Genau dorop leen ech ganz vill Wäert: Mir brauchen keng vereenzelt Muskelgruppen auszebilden, mir brauchen ee Kierper dee funktionell ass, an anere Wierder: ee gesamte System dee verletzungsfräi fonctionnéiert!

 

Eat better - Ech empfehlen jidderengem sech während 3-4 Woche mat Kalorienzielen an sengen eegenen Ernährungsgewunnechten ze beschäftegen. Natierlech wëssen déi meescht grob wéi eng Liewensmëttelen gutt oder schlecht sinn, mee sou eng plakativ schwaarz-wäiss Molerei ass mir ze ongenau an verantwortungslos. D'Bewosstmaachen ass dat wichtegst am Prozess vun enger Iessemstellung. Mat deem néidegen Wëssen, kann een duerch bewosst kleng Ännerungen an sengen Iessgewunnechten an beim Choix vun de Liewensmëttelen  seng Ernährung dauerhaft optiméieren. Léier, datt Kalorien net deng Feinde sinn, mee eng bedeitend Energiequell, déi dengem Kierper Kraaft gëtt. Et muss ee just léieren aus wéi enger Quell een wéini drénke soll.

 

Feel better - Dëst ass zum groussen Deel d'Konsequenz vu "move better & eat better". Eng positiv Liewensastellung a Selbstvertraue sinn d'Viraussetzung fir dauerhaften Erfolleg! Ech trieden net als Guru op fir dech ze motivéieren, deng Motivatioun muss schonn vun dir aus kommen. Du wärs awer séier mierken, datt duerch steigend Kraaft an Ausdauer däi Selbstwäertgefill, deng Zefriddenheet an deng Loscht no méi och an d'Luucht ginn! "Feel better" schléisst de Krees vun dengem "path to performance" an setzt nei Energie an Motivatioun fräi. Léier bewosst d'Saachen positiv ze gesinn an erkenn de Notze vun dengem neie Liewensstil, nëmmen dann kanns du deng Ziler laangfristeg erreechen!

Concept: move, eat, feel better - your path to performance

move BETTER, eat BETTER, feel BETTER - create your own path to PERFORMANCE

PERSONAL PROFILE

First Name: Maciek

​

Last Name: Complak

​

Age: 29

​

Home: Bissen

​

Nationality: Luxembourg & Poland

​

Education: M.Sc. Sportwissenschaft, Fitnesstrainer & Functional Trainer A-Lizenz

​

Languages: Luxembourgish, German,

French, English, Polish, Spanish

DIPLOMA
ADDITIONAL QUALIFICATIONS
  • Éischt Hëllef Ausbildung (Deutsches Rotes Kreuz)

  • Deutsches Rettungsschwimmabzeichen - Silber (DLRG)

  • UEFA B-Lizenz (DFB)

  • Berufserfahrungen

       - Sportsprof

       - Fitnesstrainer

       - Fussballtrainer

  • Praktika 

       - Sportmedizin & Leeschtungsdiagnostik am „Service de

       Médecine du Sport et de Prévention" (CHL)

       - 1. FC Köln (U13)

  • My Sports

       - Football, Volleyball, Beach Volleyball

       - Strength & Conditioning, CrossFit, Swimming

About your Performance Coach

PERFORMANCE COACH LUXEMBOURG

move better, eat better, feel better

Strength & Conditioning Coaching
Wëssensvermëttlung Sport- & Ernährungswëssenschaft
Professionnell Trainingsbetreiung vun engem diploméierten Coach
Performance Coach Luxembourg
Personal Training
Prehab & Rehab - prevention & rehabilitation of injuries through physical exercise
Designing of individual training plans
Strength & Conditioning Training
Movement preparation & Mobility training

Welcome to Performance Coach

Personal Trainer Luxembourg

Wëllkomm op mengem Site, mäin Numm ass Maciek COMPLAK, ech sinn diploméierte Sportwëssenschaftler, Fitness & Functional Trainer. "Performance" ass ee Begrëff dee mäi Liewen ëmmer geprägt huet, sief et an der Schoul, am Sport oder am Alldag. Mäin Zil ass et ëmmer déi bescht méiglech Leeschtung ofzeruffen! 

​

Mäi Slogan: "Move better, eat better, feel better!" representéiert fir mech eng Liewensphilosophie mat där ech d'Leit gären inspiréieren. Ween vun eis ass net dorun interesséiert säi Leeschtungspotenzial ze steigeren? Fir deen ee geet et drëms sech am Alldag méi beweegen ze kennen an verletzungsfräi ze bleiwen. Een anere wëll  vläicht genuch Kraaft & Ausdauer hun fir ze reesen oder mat senge Kanner aktiv ze sinn. Fir nach een aneren bedeit et seng Marathonszäit oder säi 1RM Squat ze verbesseren. Leeschtung ass ee ganz breeden an individuelle Begrëff, dee fir jiddereen eng aner Bedeitung huet! Ënnert der Berücksichtegung vun individuellen Ziler, hëllefen ech dir op dengem Wee zu denger Héchstleeschtung!

 

Als Fitnesstrainer spezialiséieren ech mech am Beräich "Strength & Conditioning" an "Mobility". Bass du op der Sich no professionneller Trainingsbetreiung fir deng erwënschte Performance ze erreechen? Dann zéck net fir mech ze kontaktéieren!

​

Kuck dir mäi Site an déi verschidden Offeren un, a mell dech bei all Fro déi's du hues! Ech stinn dir gären zur Verfügung!

 

Move better, eat better, feel better!

Däi PERFORMANCE COACH zu Lëtzebuerg

 

Motivation gets you started, HABIT keeps you going.

​

Success is all about

creating a habit!

​

​

PERSONAL TRAINING

A goal without a plan

is just a wish.

​

Set a goal, make a plan

and stick to it!

Success is all about

continued discipline.

Skip the diet.

Just eat healthy.

​

It's not a

short-term diet.

It's a long-term

lifestyle change.

NUTRITION COACHING

PROGRAM DESIGNING

Performance Coach - what it is about

Als Viraussetzung fir eng gutt Performance am Alldag gehéieren fir mech reegelméisseg sportlech Aktivitéit, eng bewosst Ernährung an eng positiv Liewensastellung. Vill Leit wëssen, dat all déi Saachen wichteg sinn, komescherweis maache sech awer déi wéinegst doriwwer Gedanken, soulaang een eenegermoossen duerch d'Liewen kënnt. Réischt duerch Péng, Verletzunge, Krankheeten, schlecht Laun an Onzefriddenheet mat sech selwer, also alles wat eis Liewensqualitéit beanträchtegt, schloen d'Glacken Alarm an mir mierken, datt et 5 fir 12 ass, fir eise Liewensstil méi gesond ze gestalten. Leider ass de Wee zu der potenziell héchster Liewensqualitéit dee Moment laang an holpreg, sou datt et eis schwéier fält eis al Gewunnechten dauerhaft ze verloossen.

 

E relativ schwaarze Szenario, awer leider ganz typesch fir eis beweegungsaarm Gesellschaft. Dofir waart net bis den Dokter oder Kiné dir seet wat's du ze maachen hues, mee huel d'Heft an deng eegen Hänn an fänk haut un! Woumat genau? Dobäi kann ech dir hëllefen! "Wéi oft soll ech trainéieren? Wéi laang? Wéi eng Übungen soll ech maache fir mäi Fitnesszil ze erreechen? Wat soll ech wéini iessen? Wéi vill Kalorien verbrennt mäi Kierper? Wat muss ech maache fir meng Sprongkraaft ze verbesseren? Wéi kann ech 10km lafen?..." Op all déi an ganz vill aner Froen kriss du vu mir eng Äntwert, an ech wëll dir eng Hand mat upaken fir d'Grondlagen vun den Trainings- an Ernährungswëssenschaften léieren ze verstoen an selbstänneg deng Performance am Alldag ze verbesseren!  

 

Performance Coach - offers & prices

Nutrition Coaching Luxembourg
Personal Training Luxembourg
Training Program Design Luxembourg

Hei fënns du een Iwwerbléck vun den Coaching Offeren: ob Personal Training, Erstellung vun engem individuellen Trainingsplang oder Ernährung Coaching, wiel dir dat passend Performance Angebot eraus! D'Präislëscht ass ënnen an enger PDF-Datei verlinkt. Fir weider Detailer setz dech mat mir a Verbindung an fro dir ee gratis Rendez-vous fir eng Berodung un!

PROGRAM DESIGNING

 

Hues du schonn Trainingserfahrung an du weess wéi een Kraaftübungen effektiv ausféiert? Du bass motivéiert genuch fir däi Ausdauer-programm mee weess net sou richteg wéi's du däi Trainingsprogramm opbauen an steieren solls? Oder brauchs du als Ufänger ee feste Plang fir mam Sport duerchzestarten an um Ball ze bleiwen? Dann ass "Program designing", dat wat's du brauchs. Looss eis iwwert déng Zieler schwätzen, däin aktuellen Leeschtungsstand ermëttelen (Diagnostik) an ech erstellen dir een individuellen Trainingsplang...

PERSONAL TRAINING

 

Hues du verschidde Trainingsmethoden ausprobéiert an et huet net vill gehollef? Weess du wat's de erreechen wëlls, mee dir feelt et u Motivatioun? Oder wëlls du endlech däi Alldag méi sportlech gestalten an dobäi op eng seriö an professionnell Aart a Weis betreit ginn? Dann ass mäi Personal Training Konzept genau dat Richtegt fir dech! Ech passen d'Übungen un däi perséinlechen Leeschtungsniveau un an vermëttelen dir d'Grondkonzept vun engem gesonden an aktiven Liewensstil...

NUTRITION COACHING

 

Du wolls schonn ëmmer wëssen wéi een sech ernähren muss fir kënnen ofzehuelen oder Muskelmass opzebauen? Du hues dech fir déng Iessgewunnechten nie interesséiert, mierks awer, dat déng Gesondheet an däi Wuelbefannen drënner leiden? Wëlls du wëssen wéivil Kalorien däi Kierper verbrennt oder wat déi optimal Nährstoffzesummesetzung fir dech ass? Ech erklären dir d'Prinzipien vun der Ernährungsléier, hëllefen dir däi Ziel dauerhaft erfollegräich ze verfollegen an weisen dir wourop et bei der Auswahl vun Liewensmëttelen ukënnt...

Präislëscht.pdf
Präislëscht.pdf
Performance Coach Luxembourg offréiert eng vertraulech an professionell Betreiung
Kommunikatioun, Q&As via E-mail, Tel. oder Social Media ass gratis an an all Angebot inclus

PERFORMANCE COACH LUXEMBOURG

Präislëscht

Performance Coach - Contact

Kontaktdaten

​
 
Performance Coach Luxembourg

Name:        Maciek COMPLAK

Address:    5A, Route de Mersch

                     L-7780 BISSEN
Email:         performcoachlux@gmail.com

Tel:              (+352) 621 670 710 / 28 996 649
 

B.Sc. (DSHS)
M.Sc. (UdS)
Fitnesstrainer A-Lizenz (DFLV)
Functional Trainer B-Lizenz
Functional Trainer A-Lizenz
Mehr anzeigen

PERFORMANCE COACH LUXEMBOURG

Copyright © 2016. All rights reserved.

​

Performance Coach Luxembourg